D'Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde Mënschen erreecht a se wäert an de nächste 40 Joer weider wuessen. Domadder ass et och kloer datt dëst och en Afloss op déi global Emissiounen huet. Méi Mënsche verbrauche méi Ressourcen, produzéiere méi Zäregaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an d’Luucht, wat dann nees Konsequenze fir d’Emissiounen an d’Temperaturerhéijung huet.
Demografesch Verännerungen si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den Zäregasemissioune sinn. Si si vläicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement mat deem mer ewell scho konfrontéiert sinn unzepassen. Dat ass de Sujet déi Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.