Green Deal Lëtzebuerg
Et ass nach ee wäite Wee. Mam ”Green Deal” wëllt d’Europäesch Unioun bis 2050 méi nohalteg, méi klima- an ëmweltfrëndlech ginn: Manner Emissiounen op de Stroossen, an der Industrie an an der Landwirtschaft, méi e spuersamen Ëmgank mat Ressourcen, d’Biodiversitéit besser protegéieren - dat alles verbonne mat Innovatioun. A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Episodes
Thursday Dec 28, 2023
Natur
Thursday Dec 28, 2023
Thursday Dec 28, 2023
D’Zukunft vun Europa hänkt ganz sécher vun engem gesonde Planéit of. D’EU-Memberstaaten hu sech dofir Zil gesat bis 2050 klimaneutral ze ginn. Jiddweree muss seng Responsabilitéit huelen, d’Politik, d’Ekonomie, mee awer och all eenzelen EU-Bierger an eenzel EU-Biergerin.
Mee wat kann een dann als Bierger:in a sengem Ëmfeld maachen, fir ze hëllefen de Klimachangement an der Gitt ze halen? De Sujet vum Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Wednesday Dec 27, 2023
Entreprisen
Wednesday Dec 27, 2023
Wednesday Dec 27, 2023
Entreprisen aus alle Secteuren hunn erkannt, datt et wichteg ass Risiken déi duerch de Klimachangement kommen, besser ze verstoen. Mä wat maachen déi Entreprisen da fir sech op de Klimachangement an ze stellen? Wéi eng Mesuren huelen se fir ëmweltfrëndlech an emissiounsfräi Ziler ze erreechen, besonnesch Entreprisen a Secteuren déi net grad de Label als ëmweltfrëndlech hunn?An der Editioun 2022 vum Flash-Eurobarometer iwwert kleng a mëttel Betriber, Ressourceneffizienz a gréng Mäert gëtt confirméiert datt kleng a mëttel Betriber an der EU scho vill maache fir hir Betriber op ekologesch Nohaltegkeet ëm ze stellen. Méi Detailer doriwwer ginn et vum Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Tuesday Oct 31, 2023
De risegen ”Pawprint” vun den Hausdéieren
Tuesday Oct 31, 2023
Tuesday Oct 31, 2023
Enger Statistik vun der europäescher Déierefudderindustrie no aus dem Joer 2012 hunn hautdesdaags ronn 90 Millioune Stéid, dat sinn si ronn 46 Prozent vun den EU-Stéit en Hausdéier. An datt sinn der ronn 20 Milliounen Déiere méi wéi nach virun 10 Joer. Am meeschte fënnt een Kazen als Hausdéier an dono kommen d’Hënn.
Mä grad ewéi d’Mënsche produzéieren och Hausdéieren Offall. An dat ass de Sujet vum Jean Claude Majerus am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Monday Oct 30, 2023
Wéi gesäit d’Wunnen an der Zukunft aus?
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Et ass kloer datt och an Zukunft jidderee wëll a sengem eegenen Haus mat eegenem Gaart ronderëm wunnen, da bräichte mer dofir ganz geschwënn, déi gesamt Fläch vun eisem Planéit. Déi Zort Wunnen ass also keng Zukunftsvisioun. An elo? Wéi kënne mir an Zukunft responsabel a sënnvoll wunnen? An dat ass de Sujet déi Kéier am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus mat der Sich no Äntwerten.
Monday Oct 30, 2023
Gréng Limitten
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Fir eisem Planéit ze hëllefen, muss ee sech awer e puer Froen stellen an nach méi wichteg no Äntwerte sichen. Eng ganz bedeitend Fro wou leien iwwerhaapt d'Grenzen vun eisem gréngen Engagement a wéi kann een déi Grenzen iwwerwannen. Si mer alleguerten prett an eisem Liewen Kompromësser ze maachen, déi um Enn eiser Äerd ze gutt kommen? Wou sinn se dann? Eis gréng Limitten? Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Monday Oct 30, 2023
Toxeschen Offall
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Manner ewéi d'Hallschent vun den geféierlechen a toxeschen Offäll an der EU ginn aktuell recycléiert an bis dat sech besser steet d'Gesellschaft awer nach virun risegen Bierger mat Problemer a Barrièren. An dobäi geet et ëm d'Käschten, dem Knascht bewosst sinn mä och ëm kriminell Aktivitéiten. Egal wéi et steet extrem vill um Spill an et muss dréngend eppes gemaach ginn, fir dem geféierlechen an gëftegen Knascht de Krich ze erklären. Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Monday Oct 30, 2023
Designer
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Et ass wuel jidderengem kloer datt mer eis net eleng op d'Magie vun der Technologie kënne verloossen fir d'Welt ze veränneren. Mä heiansdo kënne grad ganz kleng Innovatiounen déi grouss Differenze bedeiten. D'Journalisten vun Euranet Plus waren bei e puer europäesch Designer, Architekten an aneren kreative Käpp op Besuch, virun allem Leit déi scho mat engem Fouss an der Welt vu muer stinn. An dat ass déi Kéier de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Monday Oct 30, 2023
Baueren
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Mir liewen an enger Zäit, an där d'Sécherheet vun de Liewensmëttelen e ganz wichtegen an aktuelle Sujet ass. An do spillt d'Landwirtschaft och eng ganz bedeitend Roll. An dofir brauch Europa eng nei Generatioun vu Baueren, déi net fäerten, sech d'Fangere knaschteg ze maachen.
Wéi gesäit d'Zukunft vu jonke Baueren aus, déi an Zukunft fir d'Liewensmëttele vun den europäeschen Bierger:inne garantéieren? Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Your Title
This is the description area. You can write an introduction or add anything you want to tell your audience. This can help potential listeners better understand and become interested in your podcast. Think about what will motivate them to hit the play button. What is your podcast about? What makes it unique? This is your chance to introduce your podcast and grab their attention.