Green Deal Lëtzebuerg
Et ass nach ee wäite Wee. Mam ”Green Deal” wëllt d’Europäesch Unioun bis 2050 méi nohalteg, méi klima- an ëmweltfrëndlech ginn: Manner Emissiounen op de Stroossen, an der Industrie an an der Landwirtschaft, méi e spuersamen Ëmgank mat Ressourcen, d’Biodiversitéit besser protegéieren - dat alles verbonne mat Innovatioun. A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Episodes

Monday Dec 12, 2022
Klimaskeptiker
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
D'Klimakris? Gëtt et dat iwwerhaapt? Dat ass eng Fro déi héiert een den Ament, wat gutt ass, vill manner. Mä et gëtt se awer nach ëmmer déi Leit déi de Klimawiessel ofstreiden, och wann déi Klimaskeptiker hautesdaags net méi grad esou evident ze detektéiere sinn, wéi dat emol war. An ëm déi Klimaskeptiker geet et déi Kéier am Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

Monday Dec 12, 2022
Sharing Economy
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
Sharing Economy ass e Begrëff deen een emol ëmmer nees begéint. D'Sharing Economy ass einfach gesot eng Zort Sammelterm fir Geschäftsmodeller, Plattformen, Firmen oder soss praktesch Approchen déi et méiglech maachen, ganz oder deels ongenotze Ressourcen gedeelt ze notzen, oder anescht gesot et fënnt een an der Sharing Economy eng gemeinschaftlech Consomatioun, oder eng Kollaboratioun an der Produktioun, en Zesummeschaffen am Finanzberäich, en oppen an zougänglecht Wëssen grad ewéi horizontal an oppen administrativ Strukturen.
Där Sharing Konzepter fënnt een scho méi laang an der Landwirtschaft, an eng bekannte Form ass déi sougenannten Coopérativ.
An ëm Sharing Economy oder gedeelten Economie gëtt et dëser Episod vum Green Deal Eu Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

Monday Dec 12, 2022
Kleng Gesten fir de Planéit
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
Jiiddereen eenzelnen kann bei sech selwer ufänken, selwer iwwerleeën, sech selwer a Fro stellen a selwer bewosst ginn, wéi een der Ëmwelt hëllefen kann a jiidereen ka selwer eppes an der Lutte géint de Klimawiessel maachen. An do kënnt et ganz sécher och op déi sëllegen kleng Gester un, well och kleng Gester an der grousser Mass si wichteg fir géint de Klimawiessel ze agéieren a reagéieren. An dat ass de Sujet an eisem Green Deal EU-Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.

Monday Dec 12, 2022
Kann d’Politik de Planéit retten?
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
De Klimawiessel ass e ganz aktuellen a précaire Phänomen, wou onbedéngt eppes dergéint muss gemaach ginn. Mä fir géint den Kilmawiessel ze agéieren an ze reagéieren, ass et wichteg d'Mënschen dovun ze iwwerzeegen hir fest etabléiert Gewunnechten ze änneren a sech och bewosst ze sinn dat Mesuren géint de Klimawiessel och mat zousätzleche Käschte kënne verbonnen sinn. Ouni awer datt ee onbedéngt direkt e Resultat gesäit. Et ass kloer datt esou Demarchen duerch ze setzen fir Politiker schwiereg Decisioune sinn, well si jo och, a wann nëmmen am Hannerkapp, un hire Wieler denken.
Am der Green Deal EU Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus kommen déi Kéier Jugendlecher an Experten zur Wuert, déi weisen wéi jonk Leit duerch déi aktuell Klimakris d'Politik gesinn an wiem se vertrauen fir datt et zu Changementer kënnt.

Monday Dec 12, 2022
Gréng Stied
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
Et ass sécher net vu Muttwëll emol eng virtuell Rees an d’Stied vun der Zukunft ze maachen, well der vill nawell skeptesch sinn op grouss Stied iwwert capabel sinn eng sënnvoll Roll an europäeschen Green Deal, also dem Plang vun der europäescher Unioun d’Ekonomie nohalteg ze maachen, kënne spillen.
An dat ass de Sujet dës Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet plus.

Monday Dec 12, 2022
Grenge Fluchverkéier
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
“Ech wéilt ech kéint Fléien”, datt ass dach en Dram deen Mënschen scho Joerdausende laang hunn. Mä déi kollektiv Realisatioun vun deem Dram ka ganz séier en Alpdram ginn, well de Fluchverkéier gehéiert hautesdaags zu den Haaptursaachen vum Klimawiessel. An doriwwer geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.
Mer maachen deemno eng relativ ëmweltfrëndlech Rees duerch Europa fir eraus ze fannen, ob een iwwerhaapt eppes maachen kann, fir d’Flugreesen oder d’Fléien am ganzen méi propper ze maachen.

Monday Dec 12, 2022
D’Recht op Reparaturen
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
Wann ären Handy futti ass, ass et dann am Fong net vill méi einfach, vill méi bëlleg a vill méi séier, sech e neien ze kafen, amplaz deen alen Handy flécken ze loossen? Dat ass leider haut eng Erfarung déi een méi wéi eng Kéier mécht.
An dëser Episod vum Green Deal Eu Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet plus geet et ëm Ëmweltkäschten an der aktueller Gesellschaft , well villes onnéideg ewech gehäit. An néideg wär e Recht op Reparatur.

Monday Dec 12, 2022
Autoen a Klima
Monday Dec 12, 2022
Monday Dec 12, 2022
De Verkéier op de Stroossen war an de leschte Joren fir bal 30 Prozent vun alle Zäregasemisiounen an der europäescher Unioun responsabel a bal zwee Drëttel vun den Zäregasen dovun koum vu Luxmaschinnen.
Mä fir méi a méi Mënschen, virun allem jonk Leit ass den Auto haut awer net méi deen Statussymbol deen et emol war. Dat kënnt och sécher doduerch well den Auto esou eng negativ Connotatioun huet am Kontext vun deene Zäregasemissiounen huet.
Et kann ee sech deemno e puer Froe stellen: Kéint den Auto also geschwënn eng Saach aus der Vergaangenheet sinn? Kéinten d’Europäer hir Sucht no Autoen an de Grëff kréien an sech fir aner, méi douce Transportmëttelen, wéi zum Beispill Veloën begeeschteren? Domat beschäftegt sech déi Kéier de Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet plus.

Your Title
This is the description area. You can write an introduction or add anything you want to tell your audience. This can help potential listeners better understand and become interested in your podcast. Think about what will motivate them to hit the play button. What is your podcast about? What makes it unique? This is your chance to introduce your podcast and grab their attention.