Green Deal Lëtzebuerg
Et ass nach ee wäite Wee. Mam ”Green Deal” wëllt d’Europäesch Unioun bis 2050 méi nohalteg, méi klima- an ëmweltfrëndlech ginn: Manner Emissiounen op de Stroossen, an der Industrie an an der Landwirtschaft, méi e spuersamen Ëmgank mat Ressourcen, d’Biodiversitéit besser protegéieren - dat alles verbonne mat Innovatioun. A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Episodes

Monday Oct 30, 2023
Fëscherei
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
D'Gerance vun der Fëscherei an der Europäescher Unioun an och d'Fëscherei-Politik sinn zimmlech prekär Sujeten, ronderëm déi et ëmmer nees Diskussioune ginn. Mee och an der EU gouf ee sech bewosst, datt d'Fëscherei méi wichteg ginn ass, besonnesch well Fësch iesse méi gesond a méi ëmweltfrëndlech ginn ass wéi Fleesch.
Mee wéi steet et dann ëm d'Fëscherei an der EU? Dat ass de Sujet an dëser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus, bei deem Fëscher aus ganz Europa zu Wuert kommen. De Jean Claude Majerus mat den Detailer.

Monday Oct 30, 2023
Renovéieren
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Déi energeetesch Renovéierung vun Ärem Haus huet e risegt Potential fir de Klima, mee och fir Äre Porte-Monni. An dëser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus hu sech Journalisten aus der ganzer EU mat Bierger:innen a verschiddenen EU-Memberstaate geschwat fir gewuer ze ginn, wéi d'Mënschen op dëser sougenannter "Renovéierungswell" surfen. De Jean Claude Majerus huet Detailer.

Monday Oct 30, 2023
Ëffentlechen Transport
Monday Oct 30, 2023
Monday Oct 30, 2023
Iddie fir den ëffentlechen Transport ze verbessere ginn et der an der Europäescher Unioun ganz vill. A genee all déi Initiative kënnen e Schlësselelement si fir eng besser Loftqualitéit a fir d'Emissioun vun Zäregasen ze limitéieren. A wa mir eis all méi op den ëffentlechen Transport géifen aloossen, kéint dat dozou bäidroen.Dat ass de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.

Thursday Jul 20, 2023
Blummemarché
Thursday Jul 20, 2023
Thursday Jul 20, 2023
All Joers op e Neits ass de 14 Februar den Dag vun de Blummen. Op Vältesdag gi Millioune vu Blummen verkaf a verschenkt, mä ass dat de richtege Wee? Wéi gesäit de Blummemaart an der ganzer europäescher Unioun aus, si Blummen net romantesch mä och gréng? Blummen oder d'Geschäft mat de Blummen ass dann de Sujet an dëser Episod vum Green Deal Podcast vum europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus. An de Jean Claude Majerus huet gemierkt datt et kee "rosegen" Reportage ass.

Tuesday Dec 20, 2022
Biergbau
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Déi rezent katastrophal Evenementer wéi d’Covid-Pandemie oder de Krich an der Ukraine hunn als Suite datt et zolitte Problemer an de Liwwerungen vu Materialen gouf a gëtt. Dat huet an der europäescher Unioun e Gefill propagéiert, datt d’Unioun net méi op den fräien Handel an de fräie Maart ziele kann, fir datt d’Ekonomie weider fonctionnéiert. An ëm déi Problemer an hir Suiten geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.

Tuesday Dec 20, 2022
Gréng Reesen
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Ass et méiglech op déi schéinst Plazen op der Welt ze reesen ouni zolitten CO2-Footprint? Ass nohalteg Reesen am Fong nëmmen eng Zort Halluzinatioun? Oder gëtt et dat wierklech, awer just nëmmen fir déi, déi sech et och leeschte kënnen?
An da si mer schonn beim Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus, wou mer probéieren eis Reesgewunnechten ze iwwerdenken.

Tuesday Dec 20, 2022
Sozial Medien a Klima
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Kënnen d’Natur an Influencer an de soziale Medien Hand an Hand goen? Oder sinn sozial Medie just do fir Materialismus an Konsumverhalen ze propagéieren amplaz ze hëllefen de Changement an der Gesellschaft deen duerch de Klimawiessel muss kommen, weider ze bréngen?
Dat si Froen ëm déi et dës Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus geet.

Tuesday Dec 20, 2022
Chrëschtdag an Joersenn
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
D’Chrëschtzäit ass all Joers op e neitst, wou et zielt d’Haiser ze dekoréieren, Kaddoen ze kafen an et steet och esou munches um Programm fir Chrëschtdag an Feieren vum Joersenn ze preparéieren. Et ass elo awer leider esou datt vum Kaddospabeier iwwert déi elektresch Dekoratiounen bis bei d’Freedefeier an Chrëschtbeemercher, all dës Traditiounen produzéieren e ganze Koup Offall an se hunn domat e negativen Impakt op d'Ëmwelt.
An domat hu mer schonn de Kader vun Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radiosnetzwierk Euronet Plus gesat.

Your Title
This is the description area. You can write an introduction or add anything you want to tell your audience. This can help potential listeners better understand and become interested in your podcast. Think about what will motivate them to hit the play button. What is your podcast about? What makes it unique? This is your chance to introduce your podcast and grab their attention.