Green Deal Lëtzebuerg
Et ass nach ee wäite Wee. Mam ”Green Deal” wëllt d’Europäesch Unioun bis 2050 méi nohalteg, méi klima- an ëmweltfrëndlech ginn: Manner Emissiounen op de Stroossen, an der Industrie an an der Landwirtschaft, méi e spuersamen Ëmgank mat Ressourcen, d’Biodiversitéit besser protegéieren - dat alles verbonne mat Innovatioun. A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Episodes

Tuesday Dec 20, 2022
Biergbau
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Déi rezent katastrophal Evenementer wéi d’Covid-Pandemie oder de Krich an der Ukraine hunn als Suite datt et zolitte Problemer an de Liwwerungen vu Materialen gouf a gëtt. Dat huet an der europäescher Unioun e Gefill propagéiert, datt d’Unioun net méi op den fräien Handel an de fräie Maart ziele kann, fir datt d’Ekonomie weider fonctionnéiert. An ëm déi Problemer an hir Suiten geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.

Tuesday Dec 20, 2022
Gréng Reesen
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Ass et méiglech op déi schéinst Plazen op der Welt ze reesen ouni zolitten CO2-Footprint? Ass nohalteg Reesen am Fong nëmmen eng Zort Halluzinatioun? Oder gëtt et dat wierklech, awer just nëmmen fir déi, déi sech et och leeschte kënnen?
An da si mer schonn beim Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus, wou mer probéieren eis Reesgewunnechten ze iwwerdenken.

Tuesday Dec 20, 2022
Sozial Medien a Klima
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Kënnen d’Natur an Influencer an de soziale Medien Hand an Hand goen? Oder sinn sozial Medie just do fir Materialismus an Konsumverhalen ze propagéieren amplaz ze hëllefen de Changement an der Gesellschaft deen duerch de Klimawiessel muss kommen, weider ze bréngen?
Dat si Froen ëm déi et dës Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus geet.

Tuesday Dec 20, 2022
Chrëschtdag an Joersenn
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
D’Chrëschtzäit ass all Joers op e neitst, wou et zielt d’Haiser ze dekoréieren, Kaddoen ze kafen an et steet och esou munches um Programm fir Chrëschtdag an Feieren vum Joersenn ze preparéieren. Et ass elo awer leider esou datt vum Kaddospabeier iwwert déi elektresch Dekoratiounen bis bei d’Freedefeier an Chrëschtbeemercher, all dës Traditiounen produzéieren e ganze Koup Offall an se hunn domat e negativen Impakt op d'Ëmwelt.
An domat hu mer schonn de Kader vun Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radiosnetzwierk Euronet Plus gesat.

Tuesday Dec 20, 2022
Fraen a Klima
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
An den Industrielänner ass et zimlech kloer datt Fraen dacks an der viischter Rei an der Lutte géint de Kilmawiessel an senge Konsequenzen fir den Alldag vir d’Mënschen besonnesch am globale Süde stinn. An datt ass dann och de Sujet an dësem Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus an et ass eng vun de Conclusiounen datt et och an der EU esou ass. Mer huelen iech mat fir eraus ze fannen wéi dann elo d’Relatioun vu Klimathemen an dem Gender ass.

Tuesday Dec 20, 2022
Waasserverbëtzen
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Extrem Wiederevenementer, déi Suite vum Klimawiessel sinn, begéine mer weltwäit ëmmer méi dacks, a se ginn ëmmer méi extrem an intensiv. Eng Haaptprioritéit am Green Deal vun der europäescher Unioun, mat deem EU e gréngen Iwwergaang preparéiert, ass d’Ursaachen fir de Klimawiessel ze limitéieren. D’EU-Memberstaten wäerten sech awer och mat domat beschäftegen mussen, d’Mesuren an Strategien ze entwéckelen fir de Biergerinnen a Bierger ze hëllefen, mat de Konsequenzen vum Klimachangement liewen ze kënnen. An doriwwer geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.

Tuesday Dec 20, 2022
Klima-Angscht
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Héichwaasser, Stierm, Bëschbränn... de Klimawandel weist säin ellent Gesiicht ëmmer méi dacks a suergt fir Zerstéierungen, déi virun e puer Joer nach bal onvirstellbar waren. An d'Konsequenzen ginn méi wäit: Och eis mental Gesondheet ass betraff.

Tuesday Dec 20, 2022
Digital Pollutioun
Tuesday Dec 20, 2022
Tuesday Dec 20, 2022
Mam Fliger an d'Vakanz, mam Auto op d'Aarbecht - do wëssen mir, datt dat net ganz gutt fir eis Ëmwelt ass. Mee wéi vill CO2 verschécke mir mat enger Email? Wéi vill Pollutioun stécht an eisem digitalen Alldag? Ass all owes Netflix wierklech besser, wéi an de Kino ze fueren? A wéi kënne mir den Energieverbrauch vun eise Gadgete reduzéieren? Deene Froe geet den Tom Haas no.

Your Title
This is the description area. You can write an introduction or add anything you want to tell your audience. This can help potential listeners better understand and become interested in your podcast. Think about what will motivate them to hit the play button. What is your podcast about? What makes it unique? This is your chance to introduce your podcast and grab their attention.